
Zesummen hunn si eng Zomm vun 1 420 € fir d’Fondation Cancer konnte sammelen. D’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet allen Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir hir Ënnerstëtzung. Dës Solidaritéits-Aktiounen erméiglechen der Fondation Cancer hir Missioune weiderhin ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.
