
D’Initiativ Rise Against Cancer gouf vun der 15-järeger Mahathi Mahendran an d’Liewe geruff. D’Schülerin vun der École internationale de Differdange et Esch-sur-Alzette (EIDE) interesséiert sech besonnesch fir Wëssenschaft an engagéiert sech schonn elo a biomedezinesche Projete mat Fokus op Gesondheet a Kriibsfuerschung.
Iwwer e puer Méint huet d’Mahathi zesumme mat Fräiwëllegen eng Rei Solidaritéits- a Sensibiliséierungsaktiounen organiséiert: dorënner Facepainting, Iessstänn, Informatiounsstonnen an Aktivitéiten an de Schoulen. Am Kader vun enger Konferenz huet och de Lex Schaul, Professionnel de santé publique bei der Fondation Cancer, iwwert Präventioun a Gesondheet informéiert.
Duerch dësen Engagement konnt eng Zomm vun 1.500 € gesammelt ginn, déi un d’Fondation Cancer iwwerreecht gouf.
„Nodeems ech selwer matkritt hunn, wéi staark Kriibs d’Liewe vu Mënsche beaflosse kann, wollt ech mat Rise Against Cancer Jonker zesummebréngen an aus Bewosstsi konkret Aktioune maachen. Dank Initiativen ewéi Facepainting, Iessstänn, Benevolater a Sensibiliséierung an de Schoule konnte mir d’Fondation Cancer ënnerstëtzen. Ech si ganz dankbar all de Fräiwëllegen, déi dëse Projet méiglech gemaach hunn.“, seet d’Mahathi Mahendran.
D’Scheckiwwerreechung huet an de Raimlechkeete vun der Fondation Cancer stattfonnt, a Präsenz vun der Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer. Si huet dem Mahathi an alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir dësen aussergewéinlechen Engagement.
Dës Solidaritéitsaktiounen erlaben der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.