McBride Chemolux sarl1.732 Euro fir d'Fondation Cancer

RTL Lëtzebuerg
D’McBride Chemolux sarl huet decidéiert, d’Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen, an huet, am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober an der Initiativ Movember, e generéise Scheck am Wäert vun 1.732 € iwwerreecht.
© Fondation Cancer

D’Scheckiwwerreechung huet zu Féiz an de Raimlechkeete vu McBride stattfonnt, a Präsenz vu Vertrieder vun der Entreprise an der Direktesch vun der Fondation Cancer.

D’Margot Heirendt huet alle Bedeelegte vun dëser Solidaritéitsaktioun häerzlech Merci gesot. Dëst Engagement erméiglecht der Fondation Cancer, hir dräi Haaptmissioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO