
Am Fokus stoung virun allem d’Sensibiliséierung vun de Kanner: si goufen iwwert Solidaritéit, Hëllefsaktiounen an d’Wichtegkeet vun der Präventioun informéiert. Parallel dozou gouf eng Spendenaktioun organiséiert.
Duerch dës Aktioun konnt eng generéis Zomm vun 1.739,20 € gesammelt ginn, déi un d’Fondation Cancer gespent gouf. „D’Solidaritéit ass eng Kraaft, déi heelt – eng Kraaft, déi aus dem Häerz vun eise Kanner kënnt a Hoffnung gëtt, egal ob kleng oder grouss.“, seet d’Fatima Rodrigues, Vertriederin vun ADIE.
D’Scheckiwwerreechung huet am Kader vun der Chrëschtfeier vun de Kanner am Festsall vun der Gemeng Suessem stattfonnt, an der Präsenz vun der Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer. Si huet alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir dëst schéint Zeeche vu Solidaritéit.
Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.