Centre de Promesses Permanent Rodange103.500 € fir den Télévie gesammelt

RTL Lëtzebuerg
Iwwer zwee Deeg si méi wéi 100.000 Euro fir de gudden Zweck gesammelt ginn.

De 17. an 18. September war den Ofschloss vum CdP Permanent Rodange. Iwwer zwee Deeg ass gefeiert a fir den Télévie gesammelt ginn.

Dëst war schonn déi 20. Editioun, an där de Centre de Promesses den Télévie ënnerstëtzt huet an och dëst Joer hunn d’Leit hir Generositéit a Solidaritéit mat de Kranke bewisen.

Och an dësen Zäiten hunn si et erëm fäerdeg bruecht, eng zolidd Zomm ze sammelen: Ganzer 103.500 € koumen zesummen.

Back to Top
CIM LOGO