
D’Direktesch, Lucienne Thommes, seet dem Cactus, awer och jiddwerengem, dee sech deen Dag dozou entscheet huet, gesond a frësch Produiten ze kafen, fir d’Fondation Cancer ze ënnerstëtzen, häerzlech Merci. Dësen Don wäert derzou bäidroen, fir d’Missioune vun der Fondation Cancer weiderhin ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.
„Zu engem gesonde Liewensstil gehéiert natierlech och eng gesond Ernierung, Är Moolzecht sollt idealerweis zu 50 % aus Uebst a Geméis bestoen. Andeems een e gesonde Liewensstil féiert, kann een d’Chancen op eng Kriibserkrankung geréng halen. Ech soen jiddwerengem, deen dës Aktioun ënnerstëtzt huet, e grousse Merci!”