
Den 11. Januar goufen d’Nicole Walesch, Tresorière, an d’Yasmine Silbereisen, Comitésmember vu Blëtz a.s.b.l., vun den Theaterfrënn Géisdref invitéiert, fir eng Scheckiwwerreechung an der Héischt vun 2.000 Euro.
D’Blëtz a.s.b.l., déi sech fir Betraffener vun engem Hiereschlag an hir Famillen asetzt, seet den Theaterfrënn Géisdref vun Häerze Merci fir hire generéisen Don an hir Ënnerstëtzung.