
„Mir sinn houfreg, datt Auchan Luxembourg och dëst Joer nees d’Aktioun Rosa Oktober ënnerstëtzt huet, domat hu mir schonns fir déi zweete Kéier hannereneen un dëser wichteger Campagne deelgeholl. Dëst Engagement ass fest an eise Wäerter verankert a mir sinn dovun iwwerzeegt, wéi wichteg Sensibiliséierung a Präventioun an der Lutte géint de Broschtkriibs sinn, a mir wëlle weiderhin dëse Message vu Solidaritéit an Hoffnung droen. D’ganz Ekipp vun Auchan Luxembourg ass all Joer mat grousser Begeeschterung dobäi. Hiert Engagement mécht dës Aktioun iwwerhaapt méiglech. E grousse Merci un all déi, déi sech zesumme mat eis mobiliséiert hunn, fir dëst Joer nees e Succès draus ze maachen. Loosst eis dës wichteg Saach och weiderhin zesummen ënnerstëtzen.“, seet de Pierre Friang, Marketing Manager bei Auchan Retail Luxembourg.
D’Scheckiwwerreechung huet am Auchan Cloche d’Or stattfonnt, an der Präsenz vun der Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer. Si huet alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir dëse staarke Geste.
Dës Solidaritéitsaktioune maachen et der Fondation Cancer méiglech, hir Missioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.