
Duerch präzis Handaarbecht, Gedold a Kreativitéit entsti kleng, eenzegaarteg Kreatiounen, deenen hire Verkaf integral der Fondation Cancer zeguttkënnt.
“An d’Bitze geet weider… Zanter dräi Joer verkafen ech meng kleng Kreatiounen, déi mat vill Häerz fir de gudden Zweck gemaach sinn. Dëst am Gedenken un d‘Poupa, enger léiwer Frëndin, déi eis 2022 verlooss huet, an am Gedenken un all déi, déi géint de Kriibs kämpfen. Fir 2025 konnt ech esou am Ganzen 2.040 Euro sammelen. Vu ganzem Häerz soen ech Merci un all déi, déi mäi Projet zanter dem Ufank ënnerstëtzen an u menger Säit stinn: de Kriibs geet eis all eppes un. Villmools Merci iech all fir är Hëllef an an Äre Support!”, seet d’Martine Horsmans.
Bei der Scheckiwwerreechung huet d’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, dem Martine Horsmans häerzlech Merci gesot fir dëst onermiddlecht Engagement. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen et der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze erfëllen: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.