
Si hunn d‘Grupp Walk4People gegrënnt an sech enger aussergewéinlecher Erausfuerderung gestallt: Vum Süden bis an de Norde vu Lëtzebuerg trëppelen, an dat ganzt a 24 Stonnen. Déi 4 Kolleege sinn also an engem Dag méi wéi 100 Kilometer fir de gudden Zweck getrëppelt!
Am Kader vun dëser Aktioun konnt eng Zomm vun 2.255 € gesammelt gi an d’Grupp Walk4People huet sech decidéiert dësen Erléis der Fondation Cancer ze spenden. D’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet häerzlech Merci gesot a gratuléiert fir dës super Leeschtung. Dës Initiativen erméiglechen der Fondation Cancer hir Missioune wieder ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.