
D’Madamm Mertzig an d’Madame Benter hunn a Gedanken un hier Duechter a bescht Frëndin Martine ee Scheck vun 21.621 € un d’Dr. Carole Bauer, Präsidentin vun der Fondation Cancer, iwwerreecht. Déi Spende sinn iwwert een Opruff an der Zeitung a Facebook zesumme komm.
„D’Martine war meng bescht Frëndin an ech hunn hat kannt zënter datt ech 4 Joer all sinn, dofir mäin Spendenopruff op Facebook.“ seet d’Nadine.
D‘Dr. Bauer huet ee grousse Merci fir dës generéis Spend an d’Vertrauen an d’Aarbecht vun der Fondation Cancer ausgeschwat. De Verloscht vun der eegener Duechter mat engem Don ze verbannen ass e wonnerbare Geste vun Hoffnung am engem Moment vun Trauer.