22. Charity Cross vum Maacher Lycée232.222 Euro konnte gesammelt ginn a ginn un 10 Associatiounen opgedeelt

RTL Lëtzebuerg
Zanter der 1. Editioun am Joer 2001 konnten iwwer 2,2 Milliounen Euro gesammelt ginn
© Charity Cross

22. Charity Cross vum Maacher Lycée:
Scheckiwwerreechung als Héichpunkt vun engem besonnesche Joer

Den 27. November 2025 war am Festsall vum Maacher Lycée déi feierlech Scheckiwwerreechung vum 22. Charity Cross. Hei gouf mat enger Spendenzomm vun 232.222 Euro e besonnesch erfollegräicht Joer gekréint an déi grouss Solidaritéit vun der ganzer Schoulgemeinschaft an de ville Supporter nach eemol ënnerstrach.

De Laf selwer um Stadion op Flohr de 16. Mee 2025 hat scho fir rekordverdächteg Zuele gesuergt: 4.226 Leeferinnen a Leefer hu bei beschtem Fréijoerswieder 31.874 Kilometer zeréckgeluecht. Dës enorm Bedeelegung war dann och d’Grondlag fir dat beandrockend Spenderesultat – méiglech gemaach duerch engagéiert Participanten, generéis Sponsoren an vill fräiwëlleg Helfer.

D’Spendegelder vum 22. Charity Cross kommen nees zéng karitativen Organisatiounen zegutt. Déi fënnef Haaptbegënschtegt – Les Amis de l’Herberg Kinderhuis, Association Luxembourg Alzheimer, Privaten Déiereschutz a.s.b.l., Stëmm vun der Strooss an Wonschkutsch– krute jiddfereen 27.000 Euro. Weider fënnef Partnerorganisatiounen – Les Amis Ayudame Luxembourg, Little Angels, Schrëtt fir Schrëtt, Le Soleil dans la Main an ZAK! Zesummen aktiv kruten alleguer e Scheck iwwer 19.444,44 Euro.

Zënter senger éischter Editioun am Joer 2001 huet de Charity Cross am Ganze 2.222.222 Euro gesammelt a sech zu engem vun den erfollegräichste karitative Leef zu Lëtzebuerg entwéckelt. De Maacher Lycée seet alle Bedeelegten e grousse Merci a freet sech schonn op den 23. Charity Cross Freides, de 15. Mee 2026, en Event, dat erëm sportlechen Asaz fir de gudde Zweck versprécht.

CC25 - Remise chèques - Dossier de presse_27-11-2025_FINAL.pdf

Back to Top
CIM LOGO