
Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober an der Initiativ Movember huet Compass Group Luxembourg och dëst Joer seng Solidaritéit gewisen an d’Fondation Cancer ënnerstëtzt.
Duerch hir Aktiounen am Oktober a November konnt eng Zomm vun 3.216 € gesammelt ginn, déi un d’Fondation Cancer iwwerreecht gouf.
„Als Compass Group Luxembourg an Eurest gesi mir et als eis Verantwortung, eis och iwwer eis alldeeglech Aktivitéiten eraus konkret fir wichteg Zwecker anzesetzen. Mat dësem Don un d’Fondation Cancer Luxembourg ënnersträiche mir eise Wëllen, d’Fuerschung, d’Begleedung an all déi Mënschen, déi vun der Krankheet betraff sinn, nohalteg z’ënnerstëtzen, am Aklang mat de Wäerter, déi mir am Alldag vertrieden“, seet d’Adeline Kazek Merck, Operational Marketing Manager bei Compass Group.
D’Scheckiwwerreechung huet an de Raimlechkeete vu Compass Group op der Kockelscheier stattfonnt, a Präsenz vun der Direktioun vu Compass Group souwéi der Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer. Si huet alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir dëst staarkt Zeeche vu Solidaritéit.
Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.