
D’Aktioun war de Weekend vum 26. & 27. Februar. Fir all Gol vun eise Senior- a Jugendekippen esou wéi och vun de Géignerekippen huet den HBB 5€ gespent. Zousätzlech gouf fir all Gedrénks en Don vun 1€ gemaach. Och vill Leit hu sech mat generéisen Donen un eiser Aktioun bedeelegt.
Mir sinn houfreg um Enn e Scheck vun 3.333€ konnten ze iwwerreechen. E grousse Merci u jidderee fir seng Ënnerstëtzung.