Lycée Technique de Bonnevoie3.755 € fir d’Fondation Cancer

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum Dag vum oppene Fest hunn Schüler, Enseignanten a Membere vum Personell non enseignant vum Lycée Technique de Bonnevoie verschidde Stänn opgeriicht.

Duerch de Verkaf vun Eisekuchen, Braceleten an nach ganz vill aneren Objeten, hunn si eng Zomm vun 3.755 € konnte sammelen. Et ass decidéiert ginn dësen Erléis der Fondation Cancer ze spenden!

Mir soen dem Lycée Technique de Bonnevoie en grousse Merci fir hir Ënnerstëtzung a Gléckwonsch un all Schüler fir dës gelonge Solidaritéits-Aktioun. Dës Aktiounen erméiglechen der Fondation Cancer hir Missioune wieder ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO