Solidaritéitslaf LMA POUR LA VIE - Lycée Mathias Adam3.933,41 Euro fir d'Fondation Cancer

RTL Lëtzebuerg
© Fondation Cancer

Am Kader vun den Ofschlossaktivitéiten vum Schouljoer, huet de Lycée Mathias Adam de Solidaritéitslaf “LMA pour la Vie” organiséiert – eng Initiativ, déi wéi e klenge Relais pour la Vie bannent dem Lycée funktionéiert. Méi wéi 2.000 Schüler an Enseignanten hu fir de gudden Zweck deelgeholl. Parallel dozou war d’Fondation Cancer duerch d’Audrey Gustin, wëssenschaftlech Responsabel, mat engem FoodLab-Stand an Informatiounsmaterial zum Thema Kriibspräventioun präsent.

Duerch dës dynamesch a solidaresch Aktioun ass eng Zomm vun 3.933,41 € zesummekomm, déi de Lycée Mathias Adam integral un d’Fondation Cancer iwwerreecht huet.

„De Kriibs trëfft vill Familljen a stellt hiert Liewen op d’Kopp. Mat eiser Ënnerstëtzung fir d’Fondation Cancer wëlle mir eis Solidaritéit weisen an e bëssen Hoffnung weiderginn. Vill Courage un all déi, déi am Alldag géint dës Krankheet kämpfen.“, seet d’Conny Streff, Attachée vun der Direktioun am Lycée Mathias Adam, am Numm vun alle Bedeelegten.

D’Scheckiwwerreechung huet am Lycée stattfonnt, an der Präsenz vun der Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, der Direktioun vum LMA souwéi de Schüler, déi hannert dem Projet stinn. D’Margot Heirendt huet alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot an den Engagement vum Lycée héich geschat.

Dës Solidaritéitsaktiounen hëllefen der Fondation Cancer, hir Missioune weiderzeféieren: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO