
Wéi och déi lescht Joren huet de Luxembourg Times BusinessRun pro Participant d’Fondation Cancer mat 2 € ënnerstëtzt. Nieft de Spende vun den Organisateure konnten d’Participanten och erëm BusinessRun-Heroes ginn, andeems si sech och mat engem Don bedeelegt hunn. Si kruten e speziellen Dossard fir d’Course, deen hiren Engagement gewisen huet.
Esou koum eng generéis Zomm vun 32.278 € fir d’Fondation Cancer zesummen.
Bei der Scheckiwwerreechung huet d’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, de Participanten, den Organisateuren, de Sponsoren an allen Entreprisen e ganz häerzleche Merci ausgeschwat fir hiren Asaz. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer hir Missioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.