Vum Jongelycée vun Esch4.000 Euro fir d'Blëtz a.s.b.l.

Blëtz Asbl
16 Juni 2026: Scheckiwwerreechung vun der 8. Editioun vum Chrëschtmoart am LGE
© Blëtz a.s.b.l.

Déi 8. Editioun vum Chrëschtmoart, déi de 15. Dezember 2025 stattfonnt huet, stoung och dëst Joer nees ganz am Zeeche vun der Solidaritéit. D’Madamm Claudine Bley, Coordinatrice vum Chrëschtmoart, huet ervirgehuewen, datt virun allem dat aussergewéinlecht Engagement vun de Schülerinnen a Schüler ëmmer nees dozou motivéiert, dëse grousse Projet unzegoen. D’Schoul hätt och d’Aufgab, de Jonken ze vermëttelen, wéi wichteg et ass, sech fir Mënschen anzesetzen, deenen et manner gutt geet oder déi op Ënnerstëtzung ugewise sinn.Benevolat a Solidaritéit wieren haut net méi selbstverständlech a géifen dofir eng besonnesch Bedeitung hunn. Den Här Pascal Bermes, Direkter vum LGE, an den Här Jeff Heyart, Directeur adjoint vum LGE, hunn alle Bedeelegten hire grousse Merci ausgeschwat. Zesumme konnte si de stolzen Erléis vu 4.000 Euro un d’Madamm Chantal Keller, Presidentin vu „Blëtz a.s.b.l.“, iwwerreechen. Dëst ass eng Lëtzebuerger Asssociatioun fir Betraffener vun engem Hiereschlag. D‘Zil ass et, Persounen, déi vun engem Hiereschlag betraff sinn, souwéi Kanner, Jugendlecher, Erwuessener an hir Familljen an allen Etappevun der Krankheet Hëllef an Ënnerstëtzung unzebidden.

© Blëtz asbl

Back to Top
CIM LOGO