Ganz gutt besicht war d'Generalversammlung vun de ACFL-Fraen a Mammen Colmer-Bierg a Presenz vun villen Éieregäscht. No der Begréissung huet d'Presidentin Léa Arendt-Mangen der Gemeng mat hirem technischen Service, de Leit am Comité mat den aktive Memberen fir hir Ënnerstëtzung awer och fir di gut Entente an dat gut Zesummeschaffen am vergaangene Joer, villmools Merci gesot. Aus hirem Tätegkeetsbericht goung ervir, dat Sektioun Colmer- Bierg vun de Fraen a Mammen mat hire villen Aktivitéiten a Fester ausserhalb an och an der Gemeng selwer am Joer 2025, ganz aktiv war. Den ausféierlechen Finanzbericht vum Virginie Torres- Schwinn huet bewisen, dat d'Sektioun trotz Spenden vun 6 000 Euro an Ausgaben vun immerhin 13 100 Euro nach gutt opgestallt ass. D'Keeserevisorinnen Sophie Hoffmann a Isabelle Wickler hun di exakt Buchführung och bestätegt.
Den Ausbléck vun der Colmer Sektioun gesäit elo schonn ënnert anerem niewt denen normalen Aktivitéiten esou aus. Meekranz (1.Mee), Afterwork (8. Mee), Familljefest (12. Juli), Ausfluch an d'Phantasialand (16. Juli), Colmart (11. an 12. Juli) , Adventskränz (24. November), Aktioun Kanner- a Familljenhëllef (Ënn November), Wantermaart (4. a 5. Dezember), Kannerbastelen (15. Dezember). Zesumme mat de Paren Ettelbréck- Dikrich si weiderhin geplangt: Dagesrees op d'Girsterklaus an Iechternach (4. Juni), Rees am Summer op Mainz am Rhein (16. bis den 20. Juni), Eisekuchen am Cactus (26. Juni), Rees mat der Princesse Marie- Astrid op Tréier (26. August).
Am Numm vun der Gemeng an och vun der Pastoralekipp hunn d'Isabelle Wickler als Schäffen souwi d'Véronique Feller d'Wertschätzung an dat éierenamtlecht a sozialt a karitativt Engagement mam hirem groussen Asaatz vun de Fraen a Mammen Colmer- Bierg als feste Bestanddeel an der Gemeng an och an der Par besonnesch ervirgehuewen. Zum Schluss vun der Versammlung koum et dann zur traditionneller Scheckiwerreechung am Gesamtwert vun 4 000 Euro. Merci gesot huet de Claude Rock, Chargé de Direction, fir de Scheck vun 2 000 Euro den der Croix Rouge luxembourgeoise fir hiren Accueil familial zugut könnt. Madame Anne Leurs als chargée de direction war och ganz frou, fir de Scheck vun 2 000 Euro entgéint ze huelen, den fir hir Projeten vun Multiple Sclérose Lëtzebuerg um Bill och wirkungsvoll agesaat gëtt.
Noodeems dat di verschidden Scheckempfänger hir jeweilig Vereenegunge kuerz virgestallt hunn an och matgedeelt hun firwat dat dess Spenden och agesat ginn, huet Versammlung bei gudder Ambiance hire würdigen Ofschloss fond. (CR (Foto: Charles Reiser)