Schëfflenger Kriibshëllef ASBL4.000 € fir d'Fondation Cancer

RTL Lëtzebuerg
© Fondation Cancer

D’Schëfflenger Kriibshëllef Asbl huet der Fondation Cancer och dëst Joer nees eng generéis Spend vu 4.000 € iwwerreecht. Mat dësem Don wëll de Veräi säi laangjäregen Engagement fir Kriibspatienten an hir Famillje weider ënnersträichen.

D’Scheckiwwerreechung huet virun der Gemengeverwaltung zu Schëffleng stattfonnt, a Präsenz vum President Georges Kuhn, de Membere vum Comité souwéi der Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer.

D’Margot Heirendt huet alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir dëse staarke Solidaritéits-Geste an déi onermiddlech Ënnerstëtzung. Op Wonsch vum Veräi gëtt dësen Don genotzt, fir d’Kriibsfuerschung z’ënnerstëtzen.

Dës Solidaritéitsaktiounen erlaben der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO