
An der leschter Woch waren et d’Fraen Weiler-Haassel, déi d’Aarbecht vu CARE fir de Schutz vu Meedercher am Niger géint Kanner-Bestietnesser, Gewalt a fréi Schwangerschafte mat engem generéisen Don vu 4.500 € ënnerstëtzt hunn.
D’Chorale Ste Cécile Weiler-Hassel huet nach eng Kéier 500 € dobäigesat, sou dass et insgesamt 5.000 € gi sinn.