
Am Kader vum BMW Bilia Golf Cup 2026 stoung nieft dem sportlechen Asaz och d’Solidaritéit am Mëttelpunkt. Mam Event konnt eng Zomm vu 5.150 € gesammelt ginn, déi un d’Fondation Cancer iwwerreecht gouf.
Bei der Scheckiwwerreechung huet d’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, BMW Bilia Luxembourg, den Organisateuren an alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir hir Generositéit an hire wäertvolle Support.
Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.