Relais du Rire 20266.000 Euro fir d'Fondation Cancer

RTL Lëtzebuerg
© Fondation Cancer

De 24. Oktober gouf am am Centre culturel Aalt Stadhaus zu Déifferdeng nees vill gelaacht, an dat fir de gudden Zweck. Bei der 8. Editioun vum Relais du Rire koume 6.000 € fir d’Fondation Cancer zesummen.

Den Alex Monteiro, deen de Relais du Rire zënter 2018 organiséiert, hat dës Kéier den Daniel Moutinho, de Jo Cimatti, d’Laetitia Corvitto, de Jerome Beck an den Improvisatiounsduo Les Ons op d’Bün invitéiert. Zesumme mat him hunn si dem Publikum e Comedie-Owend gebueden a fir gutt Stëmmung am Sall gesuergt. De ganze Benefice koum der Fondation Cancer zegutt.

D’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, seet dem Alex Monteiro en häerzleche Merci fir d’Organisatioun a säi laangjäregen Asaz. E grousse Merci geet och un d’Aalt Stadhaus, un d’Partner an un all déi, déi de Relais du Rire mat hirem Besuch ënnerstëtzt hunn.

Esou Aktiounen hëllefen der Fondation Cancer, fir Kriibspatienten an hir Familljen do ze sinn, iwwer Kriibs ze informéieren an d’Fuerschung ze ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO