
Bei hirer Assemblée Générale hu mir e Check vu 6.000€ als Spende kritt — a mir si wierklech geréiert.
Dës Hëllef erméiglecht eis, eis Projeten am Sënn vun de Kanner weiderzeféieren an nach méi konkret um Terrain ze wierken. Zesumme beweege mir eppes — an dat mécht den Ënnerscheed.
Eist Zil ass et, Kanner a Madagaskar e séchert Ëmfeld, eng gesond Ernierung an eng Chance op Bildung ze ginn. Mir setzen op nohalteg Strukturen, déi et erméiglechen, dass de Projet no e puer Joer selbststänneg säi Wee goe kann.
Merci fir d’Vertrauen an d’Solidaritéit.