Schéinheets-Institut LuxEden Institut622 Euro fir d'Fondation Cancer
Am Kader vum Broschtkriibsmount "Rosa Oktober" huet d’Schéinheets-Institut LuxEden Institut zu Munneref iwwert de ganze Mount senger Clientèle ugebueden, en Don ze maachen, fir d’Fondation Cancer an domat d’Fuerschung géint Broschtkriibs z’ënnerstëtzen.
Verëffentlecht: 05.11.20 08:59, Update: 05.11.20 09:02
Duerch Generositéit vun hirer Clientèle, awer och duerch d’Verduebele vun der gesammelter Spent, konnt de LuxEden Institut d'Zomm vu 622 € der d'Fondation Cancer iwwerreechen.