
Am Klasserot gouf driwwer geschwat, dass si wéilten ee Floumaart organiséiere wou si eng Rei vun hire Bicher, Gesellschaftsspiller a Spillsaachen un aner Klassen aus hirer Schoul verkafe kéinten. Ee Stand mat selwer gebakenem Kuch gouf och geplangt. Séier war kloer, dass si anere Kanner wéilten hëllefen an un d‘Fondatioun Kriibskrank Kanner wéilte spenden. Vum 6. bis den 8. Juli hu si an hirem Klassesall hir gebrauchte Saache verkaf. An der Paus op deenen Deeg hu si de Kuch ënnert d’Kanner bruecht. No där ganzer Aarbecht hu si gespaant hir Keess gezielt a si sinn houfreg, 627,37€ un d‘Fondatioun Kriibskrank Kanner spenden ze kënnen. www.fondatioun.lu