
Sechs Schüler aus der Klass 1TPCM2 vum Bouneweger Lycée hu mam Projet „Hair to Share“ eng staark Solidaritéitsaktioun op d’Bee gestallt. Mat hiren Initiative wollten si op d’Thema Hoerspenden opmierksam maachen an dëse Solidaritéitsgeste méi bekannt maachen.
Mat engem Verkafsstand vun Téi, a weidere Sensibiliséierungsaktiounen, hunn si 700 € fir d’Fondation Cancer gesammelt.
D’Scheckiwwerreechung huet am Bouneweger Lycée stattfonnt, a Präsenz vum Här Tropeano, stellvertriedenden Direkter, vun der Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, souwéi vun de Schüler, déi um Projet bedeelegt waren.
Dës Initiativen erlaben der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze erfëllen: informéieren, hëllefen a Fuerschung ënnerstëtzen