Barbershop L’Homme750 Euro fir d'Fondation Cancer

RTL Lëtzebuerg
Bekanntlech loosse sech am Mount November vill Läit ee Schnauz oder e Baart wuessen, fir esou op Männerkrankheeten opmierksam ze maachen.
© Fondation Cancer

Am Kader vun der Initiative Movember huet de Barbershop L’Homme aus dem Pommerlach eng Solidaritéitsaktioun an d’Liewe geruff. Fir all Client, wou se empfaangen hunn, gouf 1 Euro un d’Fondation Cancer gespent. Donieft hu si och hire Clientë proposéiert, d’Fondation Cancer mat engem Don ze ënnerstëtzen.

Sou konnt der Fondation Cancer eng Zomm vu 750 € iwwerreecht ginn, déi hinnen erméiglecht hir Missioune weiderhin ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO