Weiler zum Tuer771 Euro fir d'Care Luxembourg Asbl
RTL Lëtzebuerg
Care Luxembourg Asbl huet vum Schäfferot vun der Gemeng Weiler zum Tuer an der Directrice vun der Maison Relais „Bei de Steekauzen“ e Scheck an Héicht vu 771,00 € entgéintgeholl.
Dëst ass den Erléis vum Verkaf vun de Lampionen, déi d'Kanner aus der Maison Relais mat vill Freed gebastelt a bemoolt hunn a kënnt dem Projet "Les 1.000 premiers jours d’un enfant au Niger" ze gutt.