
Miersch: Eng Rekord Zomm vun ëmmerhi 65 000 Euro, déi den Erléis vum Second Hand Maart am Oktober dëst Joer, organiséiert vun den „Aktiv Frae Miersch“ an der Hal Irbicht zu Biereng duerstellt, konnt viru kuerzem a Form vu 17 Schecken u verschidde benevole Hëllefsorganisatioune verdeelt ginn. Ugangs huet d’Presidentin Sylvie Hames- Nosbusch jidderengem Merci gesot, deen derzou bäigedroen huet, datt dëst Event zu engem groussen Erfolleg gefouert huet. Ganz speziell gouf dem Virstand mat dem Organisatiounscomité mat alle benevollen Dammen an Hären, der Gemengeverwaltung mam Technesche Service, der Vereenegung „Eng Nei Schaff“, der Jugend vun der Spillerekippe 5x Biereng, souwéi alle Leit déi gutt erhale Kleeder, Spillsaachen, Kutschen a Villes méi gratis zur Verfügung gestallt hunn, ganz häerzlech gedankt. D‘Aktiv Frae Miersch si ganz houfreg drop, fir déi absolut Rekord Zomm vu 65 000 Euro kënnen ze verdeelen. Jee ee Scheck vu 7 000 Euro sinn u follgend Vereenegunge verdeelt ginn : Trisomie 21 (Eischen Martine a Catalina Wolff), Tricentenaire fir de Foyer vu Pretten „d‘Knupperten“ (Lesuisse Christophe), Kenako asbl Kanner a Südafrika (Mike Brazdeikis a Céline Achhammer), Parkinson Letzebuerg (Lentz Thierry), Ambulanz Wonsch (Karen van Hout), Dignity asbl (Schaul Tom an d’ Madame Rimbon). 2 500 Euro ware fir d‘Oeuvres Paroissiales Miersch (Schroeder Camille a Kass Luss). D‘Jugend vun der Spillerekippe 5x Biereng (Roxane Rischard) hu sech iwwert 500 Euro gefreet. Follgend Organisatiounen hunn och en Don iwwerwise kritt, an zwar Foulards Blancs (2 500 Euro), Fondation Elisabeth/fir d’Vakanzekolonie vum Grupp „Deckelsmouken“ (3 500 Euro), ZAK – Zesummen aktiv (3 500 Euro), Vie Naissante (2 000 Euro), Stemm vun der Strooss (2.000 Euro) OTM Haiti (2 000 Euro) , Kanner a Familljenhëllef (2 000 Euro), d’Organisatioun Healing of Memories (2 000 Euro) an Eng Nei Schaff (500 Euro). Nodeems dat di verschidden Organisatiounen hire jeeweilegen Aufgabeberäich kuerz virgestallt hunn, a fir di generéis Spende villmools Merci gesot hunn, huet des bedeitend Scheckiwwerreechung bei flottem Zesummesinn säin Ofschloss fonnt. Den nächste Second Hand an der Hal Irbicht zu Biereng ass vum 04. bis zum 07. Mäerz 2026, d’Kleedersammlung ass de 24. Februar vun 10.00 bis 17.00 Auer och an der Hal geplangt. (CR)