Vollen AsazAktiv Frae vu Miersch hu Rekordzomm vun 71.000 Euro weider ginn

Charles Reiser
© Charles Reiser

Miersch: Dat de Secondhand Maart an der Hal Irbicht zu Biereng, organiséiert vun den Aktiv Frae Miersch sech ëmmer méi zu enger méi beléifter Organisatioun entwéckelt huet, beweist eendäitlich, d‘Endresultat, den Erléis vun dräi an en hallwen Dag, vollem Asaz vu ronn 60 Benevole sech op en neits gelount huet. Viru kuerzem war et dann esou wäit, wou d’Presidentin vun den Aktiv Frae Miersch, Sylvie Hames-Nosbusch bei der Scheckiwwerreechung, sech mat hirem Comité ganz erfreet gewisen huet, fir gläich 17 Organisatiounen, di Gesamtzomm vun ëmmerhin 71 000 Euro vum leschte Secondhand Maart am Mäerz 2026 ze iwwerreeche. No hirem oprichtegem Merci, un all deenen di derzou bäigedroen hunn, dat dëst Evenement zu engem groussen Erfolleg konnt ginn, koum un dunn zur eigentlicher Scheckiwwerreechung u follgend Associatiounen. LGS- Odysée Brasilien 2026 mat Duscherer Martine a Hubert Marc (8 000 Euro), Bonnievales Projets asbl mam Jerry Hilgert a Magali Duquenne (8 000 Euro), Bananenflanke, Fussball fir Kanner mat enger Beanträchtegung mam Jens Wilbert a Richard Brekelsmann (8 000 Euro), Fondation Pro Familia mam Meisch Pierrette (8 000 Euro), Cercle Eric Haas mam Hamilius Monique (8 000 Euro), Hëllef fir d’Natur mam Thielen Fränk (8 000 Euro), U.B.A K. A. Lëtzebuerg mam Theis Georges a Alves Tiago (5 000 Euro), Hospice de Hamm mam Helbach Patricia (5 000 Euro), Op eegene Féiss mam Nilles Malou (1 500 Euro), Projet Lager 103 mam Félix Steichen (4 000 Euro), Oeuvres Paroissiales Miersch mam Camille Schroeder a Lucien Kass (2 500 Euro), Street Souls (2 000 Euro), Jugend vun der Spillerequippe 5 X Biereng( 500 Euro), Relais pour la Vie (500 Euro), Médecins du monde (500 Euro) Luxembourg Paralympique (1 000 Euro), Eng nei Schaff (500 Euro). Nodeems all d‘Scheckempfänger verbonne mat engem grousse Merci sech virgestallt hunn, huet dess bedeitend Scheckiwwerreechung mat engem gudde Maufel a beim Patt, säi würdegen Ofschloss fonnt. Den nächste Secondhand Maart zu Biereng ass de 7. bis zum 10. Oktober 2026. Virdrun ass den 29. September vun 10.00 bis 17.00 Auer.

Back to Top
CIM LOGO