E solidaresche Geste fir d'FeierdeegBDO ënnerstëtzt d’Fondation Cancer

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Feierdeeg 2024 haten d’Mataarbechter vu BDO d’Méiglechkeet, e solidaresche Chrëschtkaddo ze wielen an en Don un eng Associatioun ze maachen.

Mat grousser Generositéit huet BDO decidéiert, 5 000 € un d’Fondation Cancer ze spenden.

Dësen Don dréit dozou bäi, d’Missioune vun der Fondation Cancer weiderzeféieren: Betraffener ze begleeden, d’Fuerschung ze finanzéieren an d’Populatioun ze sensibiliséieren.

D’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet hir Unerkennung géigeniwwer dem Alain Lam, Managing Partner, an dem Sandra Claro, People Partner, wärend enger Scheckiwwerreechung an de Raimlechkeete vun der Gesellschaft ausgeschwat.

Back to Top
CIM LOGO