Strécke fir de gudden ZweckBeim Crochet solidaire 2.195 € fir d'Fondation Cancer zesummekomm

RTL Lëtzebuerg
D'Mara Cruciani huet d'Fondation Cancer duerch de Verkaf vu selwergemaachenen Heekel- a Stréck-Kreatiounen ënnerstëtzt.
© Thierry Ludwig / Fondation Cancer

Presse-Schreiwes

Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober huet d’Mara Cruciani d’Fondation Cancer mat senger alljärlecher Solidaritéitsaktioun ze ënnerstëtzt. D’Mara huet d’Akommes vun der Ausstellung Crochet solidaire vum Mount Oktober integral un d’Fondation Cancer gespent.

Op dëser Ausstellung verkeeft d’Mara selwergemaachen Heekel- a Stréckkreatioune, wéi zum Beispill Pëppercher a Petzien. D’Mara konnt mat senger Crochetsaarbecht déi generéis Zomm vun 2.195 € spenden.

D’Direktesch vun der Fondation Cancer, Margot Heirendt, huet dem Mara a senger engagéierter Frëndin Paola häerzlech Merci gesot fir hir onermiddlech Ënnerstëtzung. Dës Aktiounen erméiglechen der Fondation Cancer hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO