
En Donneschdeg huet de Fond national de la recherche (FNR) a véier Kategorië siwe Präisser u Fuerscherinnen a Fuerscher verdeelt. Dat am Kader vun den FNR Awards. D'Zeremonie war um Belval an der Maison des Arts et des Étudiants.
De Präis fir déi beschten Dokteraarbecht ("Outstanding PhD Thesis") ass un d'Pilar Maria Moreno Sanchez an och un de Félix Streicher gaangen. An hirer Thees mam Titel "Precision medicine for Glioblastoma patients: a patient-based pre-clinical platform for immuno-oncology" huet d'Pilar Maria Moreno Sanchez sech mat der Fro beschäftegt, firwat d'Immuntherapie fir d'Behandlung vu Kriibs beim Hiertumeor Glioblastom un hir Grenze stéisst.
De Félix Streicher krut de Präis fir seng Dokterthees an der Geschicht. An "The Forgotten Occupation: Politics, Everyday Life, and Gender in the Luxembourg Occupation Zone in Germany, 1945–55" huet hie sech mat engem vergiessene Kapitel an der Lëtzebuerger Geschicht befaasst. Nom Zweete Weltkrich huet de Grand-Duché nämlech zéng Joer laang zwee däitsch "Landkreise" besat.
D'Auszeechnung an der Kategorie "Outstanding Scientific Achievement" goung un en interdisziplinäert Team vum Luxembourg Institute of Health. D'Carole Seguin-Devaux, de Jacques Zimmer, den Aubin Pitiot, de Camille Rolin, de Gilles Iserentant, de Jean-Yves Servais, de Xavier Dervillez, d'Rafaela Schober an d'Bianca Brandus, hunn am Kader vum Projet "Multimeric complexes to unlock the therapeutic potential of innate immunity" potenziell Wierkstoffer entwéckelt a getest, déi den Immunsystem géint Kriibs an Infektiounskrankheete soll aktivéieren.
An der Kategorie "Outstanding Promotion of Science to the Public" gouf et ee Präis fir den Asteroid Day 2025. Am Kader vun dësem Dag konnte Schüler aus de Lëtzebuerger Lycéeën e simuléierten Zenario vun engem Asteroiden-Aschlag nospillen an dobäi hir Kenntnisser an der Mathematik, der Physik an an der Kommunikatioun asetzen. D'Anna Bordus an d'Oana Nicolae vun der Asteroid Foundation goufen an deem Kader geéiert.
Déi aner Auszeechnung an dëser Kategorie gouf et fir d'Christina Siry, d'Sara Wilmes, d'Kerstin te Heesen an de Sergei Glotov. Mam SciTeach Center hëllefe si zanter zéng Joer, d'Naturwëssenschaften am Cours erliefbar ze maachen.
De Präis fir den "Outstanding Mentor" ass un de Christophe Ley an un de Gunnar Dittmar gaangen. De Christophe Ley schafft op der Universitéit Lëtzebuerg als Professer fir Mathematik an ugewannte Statistik. De Gunnar Dittmar leed um Luxembourg Institute of Health d'Fuerschungsgrupp "Proteomics of Cellular Signaling".