Si hu gespentCasino 2000 spent 7.765 Euro un d'SOS Villages d’Enfants Monde

RTL Lëtzebuerg
Eng Foto vun der Scheck-Iwwerreechung.
© Laurie-Anne ALLARD

Fir SOS Villages d’Enfants Monde ze ënnerstëtzen, huet de Casino 2000 den 9. November 2025 eng Musical Charity Gala zugonschte vum Veräin organiséiert. Wéi et an der Matdeelung vun der Scheckiwwerreechung heescht, wier d’Publikum zu enger “faarweger” an “emotioneller” Show ageluede ginn, déi ënner anerem Lidder aus de Musicals “Dracula”, Rebecca” an “d’Phantom vun der Oper” ze bidden hat.

Insgesamt 7.765 Euro koumen op dësem Owend fir SOS Villages d’Enfants Monde a seng Partner op der Plaz zu Guinea zesummen. D’Sue sollen do engen 835 Famillen, 3.500 Kanner, an 250 jonk Leit, déi op dem Wee an d’Aarbechtswelt begleet ginn, zegutt kommen.

Back to Top
CIM LOGO