
Fir all Liter Orangëjus vun der Eegemark sinn am leschte Joer 10 Cent un de gudden Zweck gaangen, esou datt Cactus am Joer 2021 9.826 Euro fir den Educatiounsprojet “Living Schools” konnt sammelen.
An de Spendendëppecher an de Keese vun de Cactus-Supermarchéë sinn iwwert d’Joer ausserdeem 22.982 Euro fir d’Ënnerstëtzung vum Projet “Wanteraktioun” zesummekomm. D’Spende fir déi zwou Aktioune sinn der Unicef Lëtzebuerg iwwerreecht ginn.