
De Vernissage war um digitale Wee, iwwer Facebook (Munoz-Art) ze bestaunen. Seng Biller ware bannent 2 Stonne all verkaf. Een Deel vum Erléis huet de Joe Munoz fir ee gudden Zweck gespent. Esou war et him, mat Hëllef vu senge léiwe Munis méiglech, een Don vun 700€ un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner ze spenden.