Ënnerstëtzung fir Fondatioun Kriibskrank KannerDe Luca Arensdorf setzt sech aktiv an a spent 650€

RTL Lëtzebuerg
Dëse Montant huet de Luca mat Ënnerstetzung vu sengen Elteren an der Famill gesammelt. D'Fondatioun seet dem Luca iwwert dëse Wee e grousse Merci!
© Fondatioun Kriibskrank Kanner

De Luca Arensdorf ass ee jonke Mënsch vun Diddeleng deen ganz motivéiert an engagéiert ass, wann et drëms geet aneren ze hëllefen. Fir de Luca ass de Kriibs keen Tabu - Thema an hien setzt sech aktiv an fir eng Hand mat unzepaken wou Kanner an Jugendlechen betraff sinn an dat mat der Ënnerstëtzung vun sengen Elteren an der ganzer Famill. De Luca huet der Fondatioun Kriibskrank Kanner ee Scheck vun 650.-€ iwwerreecht an dofir seet d’Fondatioun him ee grousse Merci.

Fir all weider Informatiounen: www.fondatioun.lu

Back to Top
CIM LOGO