
Esou hunn déi dräi Jonge sech mol an hiren flottste Fueskostüm geheit a sinn zu Esch duerch Stroosse gaangen, fir de Leit awer e puer Séissegkeeten ze verdeelen an hinnen esou ee flotte Moment ze erméiglechen. Hire Public war esou begeeschtert, dass eis dräi Jonge mat klengen Donatioune belount ginn sinn. De Matteo, de Yann an de Max wollten hiren Erléis awer fir ee gudden Zweck spenden. Si hunn der Fondatioun Kriibskrank Kanner een Don vun 350 € iwwerreecht.