510 € fir d’Fondation CancerDen 13 Joer jonke Luke Finney huet sech fir de gudden Zweck agesat

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun engem Laf vun 10 Kilometer hunn seng Frënn a Famill hien encouragéiert, an et konnt eng Zomm vu 510 € gesammelt ginn.
© Fondation Cancer

510 € fir d’Fondation CancerEt ass een ni ze jonk fir sech fir de gudden Zweck ze engagéieren. Nodeems ee vu senge Familljemembere Kriibs hat, huet den 13 Joer ale Luke Finney decidéiert d’Fondation Cancer ze ënnerstëtzen. Am Kader vun engem Laf vun 10 Kilometer hunn seng Frënn a Famill hien encouragéiert, an et konnt eng Zomm vu 510 € gesammelt ginn. D‘Fondation Cancer huet dem Luke häerzlech Merci gesot fir dës super Initiativ! Dës Aktiounen erméiglechen der Fondation Cancer hir Missioune wieder ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO