Lutte géint de KriibsD'Gemeng Préizerdaul sammelt 6.000 Euro fir d'Fondation Cancer

RTL Lëtzebuerg
D’Gemeng Préizerdaul huet am Kader vun enger offizieller Scheckiwwerreechung verschidden Associatiounen ënnerstëtzt, dorënner och d’Fondation Cancer.
© Fondation Cancer

D’Presseschreiwes

D’Gemeng Préizerdaul huet am Kader vun enger offizieller Scheckiwwerreechung verschidden Associatiounen ënnerstëtzt, dorënner och d’Fondation Cancer. Insgesamt si sechs Organisatioune gewielt ginn, déi sech bei dëser Geleeënheet kuerz virgestallt hunn.

D’Scheckiwwerreechung huet am Gemengesall stattfonnt, a Präsenz vum Schäffen- a Gemengerot. Als „Gemeng ouni Tubak“ setzt sech Préizerdaul besonnesch fir Gesondheetspräventioun a Sensibiliséierung an.

„Zesumme fir eng gesond Gemeng! Mir ënnerstëtzen eng Liewensqualitéit mat frëscher Loft an encouragéiere bewosst Entscheedungen, ouni Tubak. Fir eis Kanner an zukünfteg Generatiounen.“, seet de Marc Gergen, Buergermeeschter vun der Gemeng Préizerdaul.

Fir d’Fondation Cancer war d’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, an d’Catherine Theves präsent, Koordinatorin vun der Strategie „Génération Sans Tabac 2040“. Si hu kuerz d’Aarbecht an d’Missioune vun der Fondation Cancer virgestallt an am Numm vun der Fondation Cancer häerzlech Merci gesot fir den Don an d’Ënnerstëtzung.

Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir dräi Haaptmissioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO