
D’Asbl “Een Häerz fir kriibskrank Kanner” seet de Schüler an dem Personal aus dem Atert Lycée Redange e grousse Merci fir hire generéisen Don vun 10.000 € aus dem Erléis vum Chrëschtmaart.

D’Asbl “Een Häerz fir kriibskrank Kanner” soen och de Vëlosfrënn Gusty Bruch e grousse Merci fir de generéisen Don vun 1250 €, dee si op hirer Assemblée générale iwwerreecht hunn.

An d’Asbl “Een Häerz fir kriibskrank Kanner” seet och nach der Chorale Caecilia vu Schieren Merci fir hire generéisen Don vun 1.750 € aus dem Erléis vun hirem Concert national.