Fir de CHEMDon vu 750 Euro vun der Schëfflenger Kriibshëllef

RTL Lëtzebuerg
D'Schëfflenger Kriibshëllef huet Sue fir d'Palliativstatioun vum CHEM gesammelt. 750 Euro sinn esou beieneekomm.
© CHEM

De Communiqué vum CHEM:

Den CHEM seet der Schëfflenger Kriibshëllef Asbl Merci fir hiren Don vu 750 € zu Gonschte vu senger Palliativstatioun. D’Iwwerreechung vum Scheck huet am Kader vun hirer Konferenz iwwer Broschtkriibs stattfonnt, déi a Kollaboratioun mat Europa Donna Luxembourg organiséiert gouf.

Am Uschloss haten eis Chef de service an eise Chargé de mission cadre, déi de CHEM representéiert hunn, en Echange iwwer d’Aktivitéite vun der Chimiotherapie an der Palliativstatioun vum CHEM. Et war e flotten Austausch ronderëm eist gemeinsaamt Engagement fir eng besser Betreiung vun de Patienten.

Back to Top
CIM LOGO