Fir "un sourire pour le Sénégal"E Scheck vun 1.250 Euro vun der "École internationale Mersch Anne Beffort"

Charles Reiser

D’SchülerInnen an d’Enseignante vun der École internationale Mersch Anne Beffort (EIMAB), d’Erzéier vun der Maison Relais Inter-Actions sou wéi den Elterecomité hunn duerch verschidden Aktivitéiten Sue gesammelt, déi offiziell un d’Associatioun Un Sourire pour le Sénégal iwwerreecht gi sinn. De Scheck vun 1 250 Euro ass am Kader vun enger klenger Feier dunn offiziell iwwerreecht ginn.

Zil war et, d’SchülerInnen fir soziaalt Engagement ze sensibiliséieren a gläichzäiteg d’Aarbecht vun der Organisatioun am Senegal z’ënnerstëtzen. Mat de Sue ginn ënnerschiddlech Projeten ënnerstëtzt, déi d’Liewensbedingungen vu Kanner a Famillen op der Plaz verbesseren. (Foto: Charles Reiser)

Back to Top
CIM LOGO