4.000 EuroFraen a Mammen Heischent spenden fir "Blëtz asbl"

Charles Reiser
D'Fraen an d'Mammen Heischent spende 4.000 Euro fir d'Blëtz Asbl
D’Fraen an d’Mammen Heischent spende 4.000 Euro fir d’Blëtz Asbl
© Charles Reiser

D’Schreiwes

Heischent: Mam Heischter Nommëtteg vum éischten Adventssonndeg, den vun de Fraen a Mammen Heischent-Todler- Réngel, Merscheet an Heischtergronn organiséiert gi war, huet och dat läscht Joer zu Heischent e ganz groussen Erfolleg kannt. Mat engem schmackhaften Iessen, enger Kaffistuff an dem Verkaaf vu selwergebastelten Chrëschtdekoratiounen an Arrangementer am vollen Festsaal, sin di vill Leit och richtig verwinnt gin. Wéi dat schon säit Joeren zur Traditioun gehéiert, ass den Erléis vum Nommëtteg fir e gudden Zweck gespend gin. Viru kuurzem war et nees an der Buvette vum Tennis Heischent esou wäit , wou am Kader vun der Scheckiwerreechung an den oprichtigen Mercien vun all denen fräiwëlligen Bedeeligten, déi zum Erfolleg vun desem Event bäigedroen hun, hun d‘Nicole Walesch an d‘Yasmine Silbereisen villmols Merci gesoot fir de Scheck vun

4 000 Euro, den der Vereenegung „Blëtz asbl “ – Association luxembourgeoise pour concernés d’un accident vasculaire cérébral- zugut könnt. Noodeems dat béid Scheckempfänger d’Aufgabegebiet mat hiren Aktivitéiten vun hirer Vereenegung kuurz virgestallt hun, war et d’Madame Buergermeeschter Mireille Welter an den Här Paschtouer Marco Wehles, déi op dat éierenamtlicht Engagement vun de lokale Fraen a Mammen an der Gemeng agaangen sin, déi mat hirem Asaatz, den Erléis fir karitativ Zwecker och weidergin an de Respekt an d’Unerkënnung vun der Gemeng a vun der Pâr ouni Zweifel verdingt hun.

Back to Top
CIM LOGO