
Déi zwee Jongen hu virun hirer Dier déi gegrillte Wurschten un d’Nopere verkaaft an dobäi eng stolz Zomm gesammelt.
D’Fondatioun Cancer seet iwwert dëse Wee alleguerten de Noperen e grousse Merci, déi natierlech als Clientë vun den zwee jonke Geschäftsmänner e groussen Deel bäigedroen hunn.
Grad elo, esou d’Fondatioun an hirem Schreiwes, wier et wichteg, op d’Ënnerstëtzung fir d’Aarbecht fir Kriibspatienten an hier Familljen ze setzen.