1.040 € fir d’Fondation CancerInfiniti | Comeback-Concert zu Garnech – am Gedenken un d’Ana

RTL Lëtzebuerg
© Fondation Cancer

No 14 Joer Paus war d’Lëtzebuerger Hard-Rock-Band Infiniti zeréck op der Bün: de 15. November hunn si hiert 25-järegt Bestoen am Centre culturel “Veräinshaus” zu Garnech gefeiert. De Concert war gläichzäiteg eng Solidaritéitsaktioun zu Gonschte vun der Fondation Cancer am Gedenken un d’Ana.

„D’Krankheet huet dech eis vill ze fréi fortgeholl, mee an eisen Häerzer bleifs du fir ëmmer.“, seet de Steve Weyland, Sänger vun Infiniti.

Pro verkaaften Ticket, goufen 2 € un d’Fondation Cancer gespent; esou koum eng Zomm vu 600 € zesumme. D’Band huet dës Zomm op 1.000 € opgeronnt.

D’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet alle Bedeelegten, der Band, dem Organisatiounsteam an dem Publikum, häerzlech Merci gesot fir dëse flotte Geste. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO