Finanziell ËnnerstëtzungLions Club Luxembourg Roude Léiw spenden 3.000 Euro un d'asbl Trauerwee

RTL Lëtzebuerg
© Trauerwee ASBL

Am Kader vun engem gemittlechen Iessen huet de Lions Club Luxembourg Roude Léiw den 20. Januar 2026 e Scheck an Héicht vun 3000€ un d’asbl Trauerwee iwwerreecht. D’Simone Thill hat d’Méiglechkeet fir d’Aarbecht vum Trauerwee virzestellen an dem Lions Club e grousse Merci auszedrécken.

No engem interessanten Austausch ass dëse beräicherenden Owend op en Enn gaangen. Trauerwee asbl luxembourg begleet Kanner, Jugendlecher a Familljen an Trauer. Hiert Zil ass et, d’Themen Doud an Trauer an der Gesellschaft ze integréieren an eng Plaz ze bidden, wou Trauer ka gelieft ginn. Finanziell Ënnerstëtzung ass wichteg, fir dass dës Ziler kënne weiderhin erfëllt ginn.

Back to Top
CIM LOGO