
Si verkafe selwergemaachen Heekel-Kreatiounen a gemoolte Konschtwierker op dëser Ausstellung. Duerch dës Aktioun konnt eng Zomm vun 1.326 € un d‘Fondation Cancer iwwerreecht ginn.
D’Directrice, Lucienne Thommes, huet allen Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir hir Ënnerstëtzung déi et der Fondation Cancer erméiglecht hir Missiounen ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen. »