Schüler aus dem Cap Futur (Lycée Guillaume Kroll) spenden fir rar Krankheeten
Scho fir dat véiert Joer hannereneen hu SchülerInnen vum “Projet Cap Futur” aus dem Lycée Guillaume Kroll (LGK), ënnert der Leedung vun hirem Regent Patrick Miller, eng Spend un d’A.s.b.l. ALAN-Maladies Rares Luxembourg gemaach.
Am Hierscht 2025 goufen d’ SchülerInnen vun der 7P Cap Futur vu fréiere SchülerInnen vum Här Miller ënnerstëtzt, a konnten zesummen 3.150€ sammelen.
De Spendeprojet ass viru 4 Joer entstan, als Undenken un de Marcelo, ee Schüler vum Här Miller, a Klassekomerod vu ville Schüler aus dem LGK, dee mat enger rarer Krankheet gelieft huet. Duerch déi vill engagéiert Jonker (jeeweils Cap Futur-Klassen aus der Voie de Préparation) konnten esou iwwert d’Joren insgesamt 10.000€ fir ALAN gesammelt ginn.
Den Direkter vun der A.s.b.l., Daniel Theisen, weist sech dankbar a beandrockt vum Engagement vun de SchülerInnen an hirem Regent: “Duerch hiert oppent Häerz, an hire virbildlechen Asaz konnten si ee fantastescht Resultat erreechen, wat de Kanner, Jugendlechen an Erwuessene mat enger rarer Krankheet zegutt kënnt. ”
ALAN sëtzt sech säit méi wéi 25 Joer an, fir d’Liewensqualitéit vun de ronn 30.000 Mënschen zu Lëtzebuerg, déi vun enger seelener Krankheet betraff sinn, ze verbesseren. Dës Krankheeten, déi dacks genetesch bedéngt, chronesch, progressiv an onheelbar sinn, stellen déi betraffe Persounen a Famillje virun eng Rei komplex Erausfuerderungen.
De Berodungsservice vun ALAN bitt de betraffene Mënschen eng psychologesch Betreiung, souwéi administrativ a sozial Ënnerstëtzung fir hinnen a verschiddene Beräicher ze hëllefen, notamment beim Accès op Gesondheetsversuergung, bei administrative Prozeduren, bei hire Sozialrechter, an, an de Beräicher; Bildung, Aarbecht, Familljeliewen an Inclusioun. Nieft dësem Berodungsservice bitt ALAN eng Rei adaptéiert Fräizäit- a Sportaktivitéiten un, an engagéiert sech staark am Beräich Sensibiliséierung an Plädoyersaarbecht.